Infoën fir Schüler a Studenten
Schoule bleiwe bis den 19. Abrëll zou
Schoule bleiwe bis den 19. Abrëll zou
RTL 18.03.2020 17:31
Den Educatiounsministère huet dat e Mëttwoch matgedeelt.
D’Santé behält d’Situatioun am Aen, méiglech ass, dass nach eng Kéier eng nei Upassung kéint kommen.
U sech sollten d’Schoule just bis den 30. Mäerz zoubleiwen, ma wéinst der Ausbreedung vum Coronavirus ass de Stopp verlängert ginn.
Premièresexame ginn adaptéiert, Tester am Fondamental verluecht
– RTL 18.03.2020 14:22
D’Tester vum Cycle 4.2 am Kader vun der Orientéierungsprozedur an de Lycéeë waren eigentlech fir dës Woch virgesinn. Se goufen elo mol op d’Woch vum 30. Mäerz -> 20 .Abrëll verluecht. Den Educatiounsminister Claude Meisch betount awer, datt een och preparéiert ass, fir de Fall wou dat net ka geschéien:
“Dann ass et sécherlech och sou, datt d’Méiglechkeet besteet, datt d’Orientatioun op Basis vun de normalen Evaluatioune stattfënnt. Mer gesi jo, datt déi Orientatioun sech nëmmen zum Deel op d’Tester baséiert an datt déi normal Bilane genee sou ausschlaggebend sinn, an an der Reegel just dat do confirméiert gëtt, wat den Enseignant iwwert d’Joer scho festgestallt huet.”
Europaschoul
Och keng Schoul tëscht dem 30. Mäerz an dem 3. Abrëll
Esou wäert d’Europaschoul nom aktuelle Stand hir Dieren eréischt no der Ouschtervakanz, also den 20. Abrëll, opmaachen. -> RTL 18.03.2020 14:33